About us

Mam Addendum bidde mir eng Plaz, wou Mënschen, Iddien a Projeten de passende Kader fannen – fir a Rou ze schaffen, eppes Neies entstoen ze loossen, eng Iddi weiderzeentwéckelen oder e Projet konkret ëmzesetzen. Do, wou et sech ergëtt, kënnen och Leit mat ënnerschiddlechen Erfarungen a Kompetenzen zesummekommen, Wëssen deelen an zesummeschaffen. Op déi Manéier kann den Addendum souwuel Raum fir perséinlech Entwécklung bidden, wéi och fir Initiativen a Projeten, déi e positiven Impakt op d’Gesellschaft hunn.

Wéi mir d’Haus renovéiert an ageriicht hunn, hunn ech Bléien als Motiv fir d’Biller gewielt a meng Mamm gefrot, se ze molen. An et war och hiert Vertrauen an hir Offenheet, déi mir iwwerhaapt d’Fräiheet ginn hunn, d’Iddi vum Addendum ze entwéckelen an an hirem Haus zum Liewen ze bréngen. An all Som an an all Knosp stécht schonn alles, wat eng Blumm brauch. Si entfaalt sech einfach mat der Zäit. D’Biller am ganzen Haus erënneren op eng dezent Aart a Weis un dësen natierleche Prozess.

An eigentlech ass et mam Addendum ganz ähnlech. Och d’Haus wiisst weider mat de Leit, den Iddien an de Projeten, déi hei hir Plaz fannen. Dës Weiderentwécklung an dëse Wandel sinn en Deel vun deem, wat den Addendum ausmécht.

Addendum offers a place where people, ideas and projects can find the right setting — whether to work in peace, allow something new to emerge, develop an idea further or bring a project to life. There is also room for people with different backgrounds and expertise to come together, share knowledge and collaborate. In this way, Addendum can provide space both for personal development and for initiatives and projects that make a positive contribution to society.

When renovating and furnishing the house, I chose blossoms as the motif for the paintings and asked my mother to create them. It was also her trust and openness that gave me the freedom to develop the idea of Addendum in the first place and bring it to life in her house. In every seed and every bud, everything needed for a flower is already present. It simply unfolds over time. The paintings throughout the house serve as a gentle reminder of this natural process.

In many ways, the same is true for Addendum. The house continues to grow with the people, ideas and projects that find their place here. This ongoing development and change are part of what makes Addendum what it is.

Nadine Kauffmann

Ech hunn den Addendum initiéiert als eng Plaz fir Entwécklung, Kreativitéit, Kollaboratioun a Léieren. Meng Aarbecht als Musekerin, Enseignante a Kënschtlerin, meng eege Projeten a Kreatiounen weisen mir ëmmer nees, wéi wichteg Kreativitéit an Ausdrock fir déi mënschlech Entwécklung sinn.

Mamm vun zwee Kanner ze sinn, meng Erfarung als Mentorin an d’Kollaboratioun mat Mënschen a ganz ënnerschiddleche Kontexter hu mäi Bléck zousätzlech erweidert. Austausch, Offenheet, Reflexioun an ënnerschiddlech Perspektive spillen haut eng wesentlech Roll an der Aart a Weis, wéi ech léieren, schaffen an nei Iddien entwéckelen.

Mam Addendum wëll ech een Ëmfeld schafen, an deem Offenheet, perséinleche Kontakt a Qualitéit wichteg sinn. Eenzelpersounen, Gruppen an Initiative kënnen hei hir Aarbecht a Rou entwéckelen. Gläichzäiteg kann den Addendum Raum fir Austausch an nei Verbindunge bidden.

Leit an Iddien zesummenzebréngen a Méiglechkeete fir Austausch a Kollaboratioun tëscht ënnerschiddleche Beräicher ze schafen, ass eppes, wat mir besonnesch um Häerz läit.

I initiated Addendum as a place for development, creativity, collaboration and learning. My work as a musician, teacher and performer, as well as my experience in developing and carrying out my own projects, has shaped my understanding of how creativity and expression support human development.

Being a mother of two children, working as a mentor and collaborating with people in many different contexts have broadened my perspective. Exchange, openness, reflection and different perspectives have become essential to the way I learn, work and develop ideas.

With Addendum, I aim to create an environment that combines openness and personal connection with a strong commitment to quality. Individuals, groups and initiatives can develop their work here in a calm and focused setting. At the same time, Addendum can create opportunities for exchange and new connections.

Connecting people and ideas and creating opportunities for exchange and collaboration across different fields is something I particularly value.