Our Rooms
Addendum offers five fully equipped rooms for individual work, group activities and Addendum offers five fully equipped rooms for individual work, group activities and a variety of projects. Different forms of use are possible, from occasional bookings to regular and longer-term arrangements.
For further information about availability and renting, please feel free to get in touch.
Et sti 5 komplett ageriichte Raim zur Verfügung, déi fir individuell Aarbecht, Aktivitéiten am Grupp oder Projeten genotzt kënne ginn. Verschidde Forme vu Réservatioun si méiglech – punktuell, reegelméisseg oder iwwert ee längeren Zäitraum.
Fir méi Informatiounen iwwer d’Disponibilitéit an d’Locatioun kënnt Dir Iech gär bei mir mellen.
Room 1: Cherry Blossom
Dëse geräimegen, L-fërmege Raum um Rez-de-Chaussée ass ideal fir méi grouss Gruppen, Workshops, Presentatiounen oder Aktivitéite mat Beweegung. Den Holzbuedem gëtt dem Raum eng waarm an agreabel Atmosphär. Déi dezent Faarwen hëllefen, sech op dat Wesentlecht ze fokusséieren.
D’Kiischtebléien op de Biller an d’Luuchten am Villecher-Design ginn dem Raum säi besonnesche Charakter a verbannen en mat den Theme Natur, Wuesstem an Entfalung, déi sech duerch dat ganzt Haus zéien.
Am Raum stinn Decken, Këssen an 12 Still zur Verfügung. Beamer, Lautsprecher, Mikrofon an zousätzlech Still kënnen op Ufro bereetgestallt ginn. Den Design vum Raum ass minimalistesch gehalen, sou datt en flexibel fir ganz ënnerschiddlech Aktivitéite ka genotzt ginn.
This spacious L-shaped room on the ground floor is ideal for larger groups, workshops, presentations or movement-based activities. The wooden floor gives the space a warm and pleasant atmosphere, while the subtle colors help create a calm and focused environment.
The cherry blossom paintings and bird-shaped lights give the room its distinctive character and reflect the themes of nature, growth and unfolding that run throughout the house.
Blankets, cushions and 12 chairs are available in the room. A projector, speakers, microphone and additional seating can be provided upon request. The minimalist design allows flexible use for a wide range of activities.
Raim 2, 3, 4 & 5
Dës véier gemittlech Raim um 1. Stack si perfekt fir individuell Aarbecht, Consultatiounen a Coaching-Sessiounen, kleng Reuniounen oder Aktivitéiten a klenge Gruppen. Den Design ass minimalistesch gehalen, mat neutrale Faarwen, déi fir eng agreabel a roueg Atmosphär suergen.
Dräi vun de Raim sinn änlech grouss an hu vill natierlecht Liicht. Ee Raum ass e bësse méi kleng an e bësse méi däischter an doduerch besonnesch gemittlech. All Raum huet säin eegent Bléienthema an domat säin eegene Charakter.
An all Raum stinn e Schreifdësch a 4 Still. Fir méi Komfort si Këssen an Decken do. Zousätzlech stinn um 1. Stack ee grousse Spigel, Noutepulter an zwee gemittlech Lounge-Këssen zur Verfügung. Technescht Material wéi e Beamer oder Lautsprecher, an och ee Massagedësch, kënnen op Ufro bereetgestallt ginn.
Rooms 2, 3, 4 & 5
These four cozy rooms on the first floor are ideal for individual work, consultations, coaching sessions, small meetings and small-group activities. Their minimalist design, neutral tones and calm atmosphere create a peaceful environment.
Three of the rooms are similar in size and offer plenty of natural light. One is a little smaller and darker, giving it a particularly cozy feel. Each room has its own flower theme and distinctive character.
Each room is furnished with a desk and 4 chairs. Cushions and blankets are available for additional comfort. On the first floor, you will also find a large mirror, music stands and two lounge cushions. Technical equipment such as a projector or speakers, as well as a massage table, can be provided upon request.
Room 2: Peach Blossom
Room 3: Daisy Blossom
Room 4: Poppy Blossom
Room 5: Wild Rose Blossom
Zousäzlechen Espace
Nieft de 5 Blossom Rooms fannt Dir am Haus eng voll equipéiert Kichen an eng gemittlech Stuff, déi souwuel als Iessraum wéi och als Aarbechtszëmmer oder Büro ka genotzt ginn. De Wantergaart ass ee flexibele Raum, dee sech gutt fir kleng Reuniounen, Gespréicher oder Pausen eegent.
Am Entréesberäich biede mir Iech, Är Schong auszedoen. Dat hëlleft, d’Haus propper ze halen, an dréit gläichzäiteg zu där waarmer a familiärer Atmosphär vum Haus bäi.
Vun do aus gitt Dir direkt an d’Häerzstéck vum Haus: déi hell an oppen Salle d’attente, wou de grousse Lüster an d’Kiischtebléien-Biller ee Gefill vu Gebuergenheet a Rou vermëttelen.
Zum Addendum gehéiert och ee schéine Gaart. Gratis Parkplaze stinn zur Verfügung, an d’Haus ass gutt un den ëffentlechen Transport ugeschloss. D’Bierchemer Gare ass bequem zu Fouss z’erreechen.
Complementary space
In addition to the five Blossom Rooms, the house offers a fully equipped kitchen and a cozy living room that can be used as a dining area, study or informal workspace. The winter garden provides a flexible space, ideal for small meetings, conversations or breaks.
In the entrance area, guests are asked to take off their shoes. This helps keep the house clean and contributes to its warm, homelike atmosphere.
From there, you are led directly to the heart of the house: the bright and open waiting area, where the large chandelier and the cherry blossom paintings create a feeling of comfort and quiet presence.
Addendum also features a beautiful garden. Free parking spaces are available, and the house is well connected to public transport. Berchem Station is within easy walking distance.