About Addendum
D’Béiwenger Haus
Als Kand huet jidder Besuch bei der Tatta Maria zu Béiweng ee besonnescht Gefill a mir ausgeléist. Hiert Haus war net nëmmen een Treffpunkt fir Familljefester, mee virun allem eng Plaz mat enger besonnesch harmonescher a positiver Energie, déi ech schonn als Kand wouer geholl hunn. D’Maria selwer, ëmmer gutt gelaunt, ëmmer ee Laachen am Gesiicht, huet dës Energie nach verstäerkt.
Ech erënnere mech nach gutt, dass ech mech als Kand bal verluer hunn an deem risegen Haus, tëscht deene ville schwéieren a massive Miwwel, den delikaten Tapéiten, de faarflech ofgestëmmte Rideauen a Lambrequinen. Alles e wéineg almoudesch, awer mat vill Goût a stëmmeg. Ech hu mech ëmsuergt, gutt opgehuewen a sécher gespuert. Genausou wéi haut, wann ech am Haus sinn!
Wéi d’Maria gestuerwen ass, huet hatt d’Haus – mat all sengen Erënnerungen – menger Mamm iwwerlooss. Lues a lues ass dunn d’Iddi entstanen, aus dësem besonneschen Haus ee Lieu de rencontre ze maachen – eng Plaz fir Austausch, Kreativitéit an Entwécklung.
The Bivange House
As a child, every visit to Aunt Maria in Béiweng evoked a special feeling. Her house was not only a place for family gatherings, but a space filled with harmony and positive energy — something I sensed even as a child. Maria herself, always in a good mood with a smile on her face, strengthened this atmosphere.
I vividly remember wandering through the large house, surrounded by heavy furniture, delicate wallpaper, and carefully chosen colors of curtains and lambrequins. Everything felt a little old-fashioned, yet balanced and welcoming. I felt cared for, safe, and at ease — just as I do now when I am in the house.
When Maria passed away, she left the house — with all its memories — to my mother. Gradually, the idea emerged to turn this special house into a place of encounter — a place for exchange, creativity and development.
Wat bedeit "Addendum"?
Déi fachlech Definitioun vun „Addendum“ bezitt sech op en Zousaz, eng Ergänzung oder eng Erweiderung zu eppes, wat scho besteet. Etymologesch kënnt „Addendum“ aus dem Latäin, ofgeleet vum Verb addere, wat „dobäisetzen“ bedeit.
Fir mech geet d’Bedeitung méi wäit: Eppes, wat schonn do ass, kann ergänzt ginn duerch eng nei Perspektiv, een Austausch, eng Verbindung, ee Projet oder einfach duerch ee Raum – am duebele Sënn vum Wuert – an deem eppes Neies entstoe kann.
What does "Addendum" mean?
The technical definition of “Addendum” refers to an addition, a supplement, or an extension to something that already exists. Etymologically, the word comes from Latin, derived from the verb addere, meaning “to add.”
For me, however, its meaning goes further: something that already exists can be complemented by a new perspective, an exchange, a connection, a project, or simply by a space — in both senses of the word — in which something new can emerge.
Wat ass méiglech am „Addendum“?
All Iddi, all Projet an all Kollaboratioun brauch déi passend Plaz an déi richteg Konditiounen, fir sech kënnen ze entwéckelen, Form unzehuelen oder an d’Ëmsetzung ze goen.
Genee esou ee Kader bitt den Addendum.
Déi ënnerschiddlech Raim am Haus kënne ganz verschidde genotzt ginn – fir individuell Aarbecht, Reuniounen, Workshops, ënnerschiddlech Projeten oder Kollaboratiounen.
What is possible at Addendum?
Ideas, projects and collaborations need the right space and conditions to develop and take shape. Addendum offers just such a setting.
The different rooms in the house can be used in many different ways — for individual work, meetings, workshops, a variety of projects or collaborations.
Äre Projet am Addendum
Den Addendum lieft vun deenen ënnerschiddleche Leit, déi hir Erfarungen an Iddien mat an d’Haus bréngen. A natierlech vum Austausch, deen doduerch entsteet.
Wann Dir d’Gefill hutt, dass Är Aarbecht, Är Iddi oder Äre Projet bei den Addendum passt, da mellt Iech gär bei mir. Ob Workshops, Consultatiounen, Coaching, kënschtleresch oder pedagogesch Projeten, kreativ Formater oder aner Initiativen – ech kucke gär zesumme mat Iech, wéi dës hir Plaz am Addendum fanne kënnen.
Your project at Addendum
Addendum thrives on the diversity of people who bring their experience and ideas into the house — and, of course, on the exchange that can emerge from this.
If you feel that your work, idea or project could find its place at Addendum, please feel free to get in touch with me. Whether for workshops, consultations, coaching, artistic or educational projects, creative formats or other initiatives, I would be happy to explore with you how they could find their place at Addendum.